[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Nicolas Mergen

Vu Wikipedia
Nicolas Mergen
Gebuer 30. Oktober 1825
Tandel
Gestuerwen 29. November 1903
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg

Den Nicolas Mergen, gebuer den 30. Oktober 1825 zu Tandel, a gestuerwen den 29. November 1903 zu Dikrech, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.[1]

De 26. Oktober 1853 gouf hien als Affekot vereedegt.[1]

Den Nicolas Mergen goufe den 19. November 1866 an de Gemengerot vun der Gemeng Dikrech gewielt.[2] Hie war vun 1867[3] bis zu senger Demissioun 1880 Schäffe vun der Gemeng Dikrech.[4]

Den 8. Januar 1875 gouf den Nicolas Mergen als Deputéierte fir de Kanton Dikrech an d'Chamber gewielt [5] an hien huet säi Mandat bis den 9. Januar 1880 behal wéi hie President vum Tribunal d'arrondisssement zu Dikrech gouf.[6] Hie war op där Plaz bis zu senger Pensionéierung de 17. November 1897.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 Bnl viewer. www.eluxemburgensia.lu. Bürger und B eamtenzeitung (12. Januar 1903) Archivéiert de(n) 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2020-06-14.
  2. Resultat vun de Gemengewalen zu Dikrech vum 19. November 1866. www.eluxemburgensia.lu. Luxemburger Wort (21. November 1866) Archivéiert de(n) 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2020-06-14.
  3. Jos Herr, Diekirch, november 1985 Säit 257
  4. Amtliches. www.eluxemburgensia.lu. Luxemburger Wort (9. Februar 1880) Archivéiert de(n) 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2020-06-14.
  5. Bnl viewer. www.eluxemburgensia.lu. L'indépendance luxembourgeoise (9. Januar 1875) Archivéiert de(n) 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2020-06-14.
  6. Memorial N°2 vun 1880 mam Arrêté du 16 janvier 1880, portant convocationdu collège électoral du canton de Diekirch, pour l'élection d'un député.
  7. Memorial N°26 vun 1883 - Legilux. legilux.public.lu. Avis. - Ordre de la Couronne de chêne. Gekuckt de(n) 2020-06-14.